Aller au contenu principal
Bienvenue aux Archives numériques de Préizerdaul — un projet communautaire, ouvert à tous.
DAP4247
DAP4247
Décennie
1860 - 1869
Lieu
Platen
Album
Vie privée, Tous
Mots-clés
Gemengerot

Personnes identifiées

François Kellen

Informations

De Franz Kellen, gebierteg vun Tandel, gouf "a Kellens", och "a Moellesch", abestuet. Hie gouf spéider de Schwéierpapp vum Jean-Pierre Kieffer, dem Grënner vun der Duchfabrik. De Franz Kellen war en "Härebauer", dien sech vill mat Politik a Genealogie beschäftegt huet. Vun 1862 bis 1872 war hie Schäffen, vun 1873 bis 1887 Buergermeeschter. 1863 gouf hie fir 6 Joer an d' "Assemblée des Etats" (spéider "Chamber") gewielt. Déi Zäit huet de Michel Rodange hien am "Renert" als "de Bier" veréiwegt. En Deel vu senger genealogescher Aarbécht fannt Dir ënner "Documents".